Award Ceremony – Mérite Jeunesse

Félicitatioun un d’Sarah Oberweis, d’Adela Synkova, de Patrick Weiser, d’Helena Droste, d‘Vanessa Germano an d’Lina Schneider aus dem LMRL, déi den 19. Oktober 2021 an den 22. Mäerz 2022 hier Auszeechnung vum Mérite Jeunesse an den Niveauen bronze a sëlwer kruten!

De Mérite Jeunesse Luxembourg gehéiert zur weltwäit féierender Organisatioun The Duke of Edinburgh’s International Award, déi an iwwer 130 Länner aktiv ass.

Den éischten Parrain vum Mérite Jeunesse zu Lëtzebuerg war de Grand-Duc Jean. Duerno huet säi Jong, de Prënz Guillaume de Patronage iwwerholl. An säit dem 22. Mäerz 2022 ass den Ierfgroussherzog Guillaume Parrain vum Mérite Jeunesse.

De Mérite Jeunesse ass oppe fir all Jonken am Alter vun 14-25 Joer, egal wéi säi Geschlecht, kulturellen Hannergrond, reliéis oder politesch Iwwerzeegung oder physesch Viraussetzung ass.

Fir matzemaachen muss een a 4 verschiddene Beräicher aktiv ginn:

  • ee Benevolat
  • Sport
  • Talent
  • an eng Expeditioun maachen

D‘ Aktivitéite sicht een sech selwer eraus a stellt sech esou ee Programm zesummen deen ausgeglach ass an deen engem Spaass mécht.

Et muss een net alles zur gläicher Zäit maachen. De Programm soll et engem erméigleche méi Selbstvertrauen ze kréien, Responsabilitéit ze iwwerhuelen, Neies ze entdecken an un seng eege Fäegkeeten an Talenter ze gleewen.

En éischten Androck fënnt een op der Säit vum nationalen Mérite Jeunsse: https://merite.jeunesse.lu/ oder och hei https://www.rtl.lu/news/national/a/1885675.html .

Méi Informatiounen gëtt et Méindes vun 11:45-13:20 am Projetsbüro vum LMRL (hannert der Conciergsloge) oder bei der Mme Toinon Schmit (toinon.schmit@education.lu) oder der Mme Sandra Galli (sandra.galli@education.lu ).

Back to Top