Australien fir 5 Méint

Australien5M1Am Laf vun 5ième hunn ech mech entscheed fir en Austausch an Australien ze maachen. Net nëmmen fir d’Sprooch ze leieren mee och fir d’Kultur an d’Liewensweis kennenzeléiren.
 
Ech sinn elo schonn rëm Heiheem mee ech hunn sou vill nei Erfahrungen gemaach. Gewunnt hunn ech op der Gold Coast dat leit ënnert Brisbane. Meng Gaaschtfamill war ganz léif, meng Gaaschtmamm ass nach ganz jonk an si huet 2 kleng Meedercher vun 3 an vun 5, ausserdeem huet bei mir an der Famill nach en brasilianescht Meedchen vun 16 gewunnt.
 
Australien5M_2Den Liewensstil dohannen ass ganz anescht wei hei, et ass alles vill méi relax an d’Leit sinn immense hëllefsbereet an ganz frëndlech. Och d’Schoul ass ganz anescht wei d’Schoul zu Lëtzebuerg. Ech war Year 10 an hat dowéinst vun 9 Auer bis 15 Auer vun Méindes bis Freides Schoul, mee Year 11 an 12 haten vun 8 bis 15 Auer Schoul an dowéinst Freides frei. Ech hat nëmmen 4 Schoulstonnen den Dag vun jeeweils 70 Minutten, vun am ganzen 6 Fächer waren 4 Pflichtfächer, Mathé, Englesch, Science an Geschicht. Déi 2 aner Fächer konnt ech mir selwer eraussichen an ech hat Home Economics, wat aus bitzen, kachen an strecken besteet, an Marine and Aquatic Practices, matt dësem Fach sinn ech Aangelen, Boot fueren, seegelen an tauchen gaangen. Och haten mir Internationals  dat 1. Trimester 2 Stonnen Surfen d’Woch.
 
Australien5M_3Matt der Schoul hunn mir puer flott Aktivitéiten gemaach, zum Beispill sinn mir op Tangalooma gaangen, dat ass eng kleng Insel virun Brisbane. Do sinn mir schnorchelen an Wüsten-Schlitt fueren gaangen. Alleng konnt een awer och ganz vill maachen well näischt weit fort ass. Gold Coast léit direkt um Mier mee den Reebësch ass awer och net weit. An der Géigend ginn et och vill Fräizäitparken an Shopping-Malls.
 
An der Vakanz waren mir matt aneren Internationals aus ganz Australien zesummen an den Outback op eng Camping-Tour, wat ganz flott war well een do en Abléck an dat “richtegt” Australien kritt.
 
Australien5M_4Am Dezember sinn ech dunn leider nees Heem kommen mee ech hunn mech awer och gefreet meng Frënn an Famill erëm ze gesinn.

D’Schoul hei wierkt net souvill anescht wei soss mee mir fehlen awer all déi méi praktesch Saachen, well een hei nëmmen do setzt an nolauschteren an opschreiwen muss. Do maachen ech en ganz groussen Ënnerscheed zu der Schoul hei an an Australien.

Australien5M_5Och wann et am Ufank schwéier war sinn ech immens frou et gemaach ze hunn an ech hunn sou zimlech nom Motto: “It’s not better, it’s not worse, it’s just different!” gelieft an dat ass eppes wat een sech ëmmer soll am Kapp behalen wann een sou en Abenteuer ugeet.
 

Jil Kess, 4M4

Back to Top