Auschwitz 26-31 Oktober 2023

Avec le soutien de

Clarisse Cahen Sinner, Chiara Luzi, Chanelle Massen, Amina Amrani, Amélie Sitz, Calista Safavi

Owes de 26. Oktober hu mir eis zu 13 Schüler aus dem Michel Rodange a Begleedung vun eisem Proff, zesumme mat 9 anere Schoulen, mat zwee Busser op de Wee a Polen gemaach.

No 17 Stonne goufe mir an eiser Jugendherberge vum Charles Goerens a weidere Vertrieder vun den „Témoins de la 2e génération“ an dem „Comité Auschwitz Lëtzebuerg“ empfaangen, dei eis den Oflaf vun de kommenden Deeg vun eiser Studierees erklärt hunn.

Owes konnt ee schon un engem Workshop deelhuelen. Di meescht vun eis si bei den Henri Juda gaangen, deen iwwer seng Mamm geschwat huet, eng Iwwerliewend, déi selwer zu Ausschwitz war an do vill Grausamkeeten huet erleide mussen.

Den nächste Moien si mer dunn op Auschwitz I, also an d’Stammlager, gefuer, wou mir an engem Grupp ënner eis waren. Mir haaten och eng Guide, déi eis wärend dei zwee Deeg begleet an vill Virgäng erklärt huet.

Mir hunn d’Gaskummer, de Crématoire, d’Folterkammeren an nach villes méi gesinn. An engem Raum goufen d’Zeechnungen vun den Kanner un den Maueren ausgestallt, déi deemols dat alles och hu missten materliéwen.

Markant war dat risegt Buch, wat iwwer 2 Mauere gaangen ass, wou all Mënsch, deen zu Auschwitz gestuerwen ass, dra steet, awer och Schung, Hoer, Brëller, Protesen a Kierf vun den Affer, di do ausgetallt sinn.

No e puer Stonnen hu mer dunn un enger Commémoratioun virun der schwarzer Mauer, och Doudesmauer genannt, deelgeholl, wou d’Leit deemols een nom aneren erschoss goufen. Do hu mer e Kranz niddergeluecht an un déi Gestuerwen geduet.

Fir Mëttes ware mer dunn erëm zeréck an der Jugendherberge, wou mer bis Owes u weidere Workshops deelhuele konnten, wéi z.B eng Synagogue besichen, eng Introductioun an de Juddentum kréien, e Workshop iwwer d’Banalisatioun vun der Shoah oder och mam Charel Goerens iwwert den Antisemitismus an Europa schwätzen.

Den nächste Moie si mer dunn mam Bus op Auschwitz ll, Birkenau gefuer. Dat ass d’Plaz, wou di meeschten Affer embruecht goufen. Et ass e risege Site mat lauter Baracken, vill dovunner och schon zerfall. De Site ass an zwee agedeelt : op enger Säit waren d’Fraëbaracken, déi aus Steng gebaut goufen an dowéinst och intakt sinn ; op där anerer stungen d’Männerbaracken, déi aus Holz waren an dowéinst zerfall sinn. An deenen hu mer gesinn, a wéienge schreckleche Konditiounen d’Leit dohanne gelieft hunn, oder éischter nach probéiert hunn z’iwwerliewen. Mir hunn dunn d’Iwwerrechter vun de Gaskummere gesinn an och d’Plaze, wou d’Äschen vun de Gestuerwenen era geheit gouf.
Eis Guide huet eis duerch hiert Wëssen gehollef, den historesche Kontext besser ze verstoën.

Zum Schluss hu mer eis dunn all zesumme bei de Gedenksteng getraff, wou de Julien Joseph e Kaddish (Doudesgebiet) geschwat huet a jiddereen eng Rous niddergeluecht huet.

No dësen Andréck konnt een dunn z.B. an en Atelier goë, wou ee seng Gefiller probéiert auszedrécken an alles mol op sech wierke loossen. Zwee vun eise Gedichter déi do geschriwwe goufe, gesidd dir ganz zum Schluss vun dësem Text.

Eng aner Méiglechkeet war de « Frames of Memory » ze besichen, eng Ausstellung, bei däer 280 Biller vum Marian Kolodzej, en Iwwerliewende vun Ausschwitz, ausgestallt sinn. Déi Ausstellung huet een och immens matgeholl, well hannert all Bild eng Geschicht an e Sënn z’erkenne war, eng Art a Weis sech auszedrécke, wéi een ët nach nëtt gesinn huet. D’Ausstellung huet een och matgeholl, well et immens düster war, et stunge Better aus Auschwitz do an och eng Këscht, an deenen di Doudeg fort transportéiert goufen. Hie sélwer ass och do, a sénger Ausstellung, begruewen.

Hei erkennt een z.B.

  • an der Mëtt : d’Leit hu probéiert d’Brout gerecht opzedeelen
  • ënnen riets : wann een Iesse vun engem anere geklaut huet, hunn d’Leit ënnerteneen eng Bestrofung ausgemaach : Stonnelaang d’Brout ukucke mussen.
  • Uewe riets :Wann ee probéiert huet fortzelafen, misst ee stonnelaang mat enger Tromm zu Auschwitz ronderëm lafen a ruffen : « Hurra Hurra, ich bin wieder da », éier een dann erschoss gouf

Hei gesäit een eng Zort vun de Folterkammeren : d’Stéizell.

4 Persounen waren op 1 Quadratmeter zesummen a konnten sech doduerch nëtt sëtzen. Hei gesäit een och d’Läis, déi vill Persounen haten an den Typhus, eng déidlech Krankheet, iwwerdroën hunn

Eise leschten Dag a Polen hu mir a Krakau, enger wonnerschéiner Stad, verbruecht. No enger Stonn am Bus si mer an der Stad ukomm, wou eise Guide schonn op eis gewaart huet. Eis visite guidée huet ongeféier 3 Stonne gedauert, an där mir d’Alstad, déi UNESCO-Ierfschaft ass, entdecke konnten, de jiddesche Quartier, deen eng räich Geschicht an eng eenzegaarteg Atmosphär huet an déi herrlech Maartplaz. De Guide huet eis eng grouss Unzuel u Monumenter a Plazen am Detail erklärt, fir dass mir d’Stad besser entdecken an hier Geschicht gutt verstoë kënnen. No deenen 3 Stonne krute mir ongeféier 5 Stonne Fräizäit ugebueden. Mir haten d’Méiglechkeet allerlei Aktivitéiten ze ënnerhuelen, wéi zum Beispill a Geschäfter goen, Muséeën ze besichen oder sëch an engem traditionelle Café nidderloossen. Owes konnte mir an engem vun de ville Restauranten an der Haaptplat polnesch Spezialitéite wei „Pierogi“ an traditionell Zopp schmaachen an der Begleedung vum Herr Berna.

Spéiderhin si mir 17 Stonne mam Bus gefuer, wou mir reegelméisseg Pause maache konnten. Um Bouillon huet dunn den RTL ob eis gewaart, fir e puer Schüler iwwer hier Emotiounen an Experienz ze interviewen.

Mir sinn immens dankbar, dass mir un dëser Studierees deelhuele konnten, et war eng Experienz, déi mir nëtt vergiesse wäerten.

Gedichter :

Man hört und sieht davon, jedoch dort zu stehen wirkt anders. Man hört die Vögel zwitschern und die Natur in voller Blüte im Sonnenlicht. Es wirkt alles so friedlich und schön, aber wenn man die Augen schließt, sieht man die Angst in den Gesichtern von Kindern, Mütter, Väter ; Familien die zusammenbrechen. In kleinen Hütten zusammengedrückt wie Tiere, geschlagen und getötet. Hoffnungslos. Allein. Angelogen. Im Dreck wie Schweine. Menschen werden entmenschlicht. Wie konnte man nur, fragt man sich. Menschen töten wie Fliegen und so tun, als wäre nichts, nach Hause zu seiner Familie und schlafen ohne schlechtes Gewissen, während andere sterben und weinen. Alles wird ihnen weggenommen, Haare, Kleider, Familie und sie werden bloßgestellt, indem sie ausgelacht werden, wenn sie geschlagen werden und gezwungen sich auszuziehen. „Arbeit macht frei“, sagen sie, aber von Freiheit hört man nicht viel. Sie werden getötet wegen ihres Glaubens, jedoch glauben wir alle an das Gleiche und wollen das Gleiche. Das Recht zu leben und zu lieben. Und doch sind es hier 1,5 Millionen unschuldige Seelen weniger, für immer verloren. Hoffnung besteht, dass die Menschen daraus lernen, wobei wir alle aus Naivität sprechen, denn Menschen bleiben Menschen.

Amélie

Herzschmerz

Gänsehaut
Ich spüre wie sie meinem Rücken empor klimmt
meinen ganzen Körper einnimmt
Ich stehe hier,
an diesem furchtbaren Ort,
da, wo vor 80 Jahren andere Menschen standen.
Menschen mit Gesichtern
und eigenen Geschichten
Geschichten, die niemand erfahren wird.
5 Minuten hat es gedauert,
5 Minuten, um ganze Leben zu erlöschen
Leben von unschuldigen Menschen
Menschen mit Seelen
mit wunderschönen und besonderen Seelen
aber hauptsächlich
UNSCHULDIGE SEELEN
Mein Herz schmerzt für SIE,
die, die keiner gerettet hat.
 Es gibt nur eine Frage, die meine Gedanken einnimmt
« WIE ? »
Wie war das möglich,
6 Millionen Menschen umzubringen,
Wie konnten wir das zulassen?
« WARUM ? »
WARUM hat niemand etwas getan,
einfach weggeschaut,
oder sogar mitgemacht,
es ist ungreifbar für mich.
Wie haben sie es geschafft
1 ganzes Jahr zu überleben
unter diesen unmenschlichen Umständen?
Ich habe Respekt,
tiefsten Respekt.
Vor denen, die durchgehalten haben.
Mir wird schlecht.
Nur der Gedanke,
sich vorzustellen, was sie verspürt haben
und wie sie gelitten haben.
Die Kälte,
die so tief in ihren Knochen drin saß.
Die Angst,
solch eine Angst,
eine Angst, wie keiner von uns sie sich je vorstellen könnte.
Ich habe das tiefste Mitgefühl
für die, die Opfer dieser grausamen Taten wurden.
Die 6 Millionen Menschen,
die keiner gerettet hat
und niemand sie vor ihrem Unheil bewahrt hat.
Mein Herz schmerzt für jeden einzelnen von ihnen.
In tiefsten Gedanken,

Chiara Luzi

Back to Top