YEL Visit vum ED Här Charles-Goerens

Den DP Politiker an Europadeputéierten, den Här Charles Goerens hat sech de 17 Mäerz 2017 bereet erkläert enger Rei interesséierte Schüler aus dem YEL-Club en Abléck an déi europäesch Aussen- an Innepolitik ze ginn. Heibäi ass et virun allem em d’Zukunft vun der Europäescher Unioun gaangen, déi duerch de Brexit an d’Opkomme vum Rietspopulismus a verschiddene Länner schwéier Zäite virun sech huet. Awer net nëmmen op Froen iwwert déi europäesch Innepolitik huet den Här Goerens de Schüler aus dem LMRL Ried an Äntwert gestanen, och Theme wei d’Hëllef op laang- a kuerzfristeger Basis fir den afrikanesche Kontinent an den Opbau vun den europäeschen Institutioune goufen thematiséiert. Duerch seng oppen an éierlech Aart a Weis war et eng interessant a konstruktiv Diskussioun, an d’Schüler aus dem YEL freeën sech iwwert eng zweet Geleeënheet den Här Charles Goerens den 10. Juli erëm ze treffen.

Back to Top