Video Bénévolat 2ième

All Dag landen vill ze vill Plastiksfläschen an der falscher Poubelle, wat verhënnert, dat se kennen recycléiert ginn. Dofir ass et wichteg, dat jiddereen seng Plastiksfläsch an déi Poubelle geheit, déi och dofir virgesinn ass. Och aus de Stëpp vun deenen Plastiksfläschen kennen erëm néi Materialien, wéi ënnert anerem Stoff aus dem Rucksäck oder Fleece-Pulloveren kennen hirgestallt ginn, gewonnen ginn. Wann also jiddereen sech d ‘Méi mécht, fir de Stopp vun der Fläsch ze dréinen an an déi duerchsiichteg Këscht ze geheien, déi un der Poubelle hängt, dann kann och jiddereen eppes zur Nohaltegkeet bäidroen.

En plus këmmert sech d´Associatioun ASA (Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn) drëm, dat bei 34.000.000 Stepp een Assistenzhond kann ausgebilt ginn.

D´Schüler vun der Option Bénévolat 2ième hunn dowéinst de folgenden Video an Zesummenaarbecht mat eisem Media-Team realiséiert, fir ze weisen, dat jiddereen mat e puer klenge Gesten hëllefe kann.

Back to Top