VENTE EN COMMUN Mini-entreprises – 27-28.02.2026

1er prix Meilleur Stand et Pratique commerciale

1er prix Public Choice Award

Dëse Weekend (27.-28. Februar) hunn iwwer 80 Mini-Entreprisen hir Produkter an de Galerië vun der Belle Étoile zum Verkaf ugebueden.

Och eis 4 Mini-Entreprisen aus dem LRML waren do vertrueden an hu geléiert hir Verkafsargumenter a Verkafstechniken an der Praxis unzewenne fir d’Cliente unzezéien an hinne Loscht ze maachen, hir Produkter a Servicer ze kafen. Och eise Premier hu se iwwerzeegt kritt!

EeLinkA huet et fäerdeg bruecht net nëmmen de Public Choice Award ze gewannen, mee gouf och nach ausgezeechent fir de beschte Stand 2026.

All deenen, déi do ware, Merci fir hier Ënnerstëtzung! Falls dir net konnt laanschtkomme, kenn dir awer gären eng Commande bei hinnen opginn oder se einfach op de soziale Medie followen. Folgend Entreprisen aus dem LMRL waren um Start :

Back to Top