Vum 5. Januar – 12. Februar 2026, hunn 27 fréier LMRL-Schüler*inen, déi tëschent 2021 an 2024 hir Première gemaach hunn, eise 3e’en, 2e’en an 1èren hiert Studium virgestallt.
Si hunn Ablécker an hiren Alldag als Student*innen ginn, iwwer d’Studenteliewen geschwat an zum Schluss wäertvoll Tipps fir e gelongene Start an d’Studienzäit mat op de Wee ginn.
Presentéiert goufen:
Bauingenieur- a Maschineningenieurwëssenschaften, Informatik, Elektrotechnik, Medezin, Betriebswirtschaft a Wirtschaftsingenieurwiesen, Droit, Psychologie, Business Administration, Sciences politiques / Relations internationales / Histoire, Sport, Educatrice graduée, Architecture a Kunstgeschichte, Mathématiques, Sciences de l’éducation souwéi Biologie.
E groussen an häerzleche Merci un all eis fréier Schüler*innen fir hiren Engagement an d’Deele vun hiren Erfarungen.