Bei der 7C03 stoung dat 3. Trimester ënnert dem Motto Behënnerte-Sport. Fir sech an d’Situatioun vu Leit mat enger Aschränkung eranzeversetzen, hu se sech mat eenzelnen Sportaarten ausernee gesat, déi zu Lëtzebuerg entweeder am Beräich vun de Para-Sportaarten (Athleten mat enger kierperlecher Aschränkung) oder bei de Special-Olympics (Athleten mat enger mentaler Aschränkung) ugebuede ginn.
Wärend enger Projetsstonn, goufen de Schüler och verschidden Aschränkungen zougedeelt, wéi z.B. verbonnen Aen, e paralyséiert Been, haten Ouerestëpp un oder hu net dierfe schwätzen. Esou hunn se misse verschidden Aufgaben erleedegen, wéi eppes an der Kantin bestellen, oder eng Dier opmaachen, fir sech e bëssi an den Alldag vu Menschen mat engem Handicap eranzeversetzen.
De Fynn Derigat a Max Schaack vun der 7C03:
“Mir haten Mëtt Juni een top Basketspiller vun de Special-Olympics Lëtzebuerg mat sengem Trainer bei eis an der Klass op Besuch. Den Athlet huet eng mental Behënnerung. Hien trainéiert an engem Mix mat Spiller wou eng mental Behënnerung hunn a kee Handicap hunn. Hieren Trainer, de Marco Rock, och nach “Rocky” genannt, huet eis iwwert international Tournoien, z.B. zu L.A. an den USA oder zu Abu Dhabi an den Arabeschen Emiraten erzielt, an iwwer ganz vill Erfolleg vun der Ekipp Sie maache souguer bei de Special-Olympics mat, wat eppes ganz Besonnesches ass.
E Spiller mat enger mentaler Behënnerung ass kann genau esou vill Spass am Basket hunn, wéi e Spiller ouni Behënnerung!”
Enn Juni huet d’7C03 am Sport Para-Tennis gespillt, an deem se speziell Brëller haten, mat deenen se net gutt oder näischt gesinn hunn.


