Roundabout Aids Rallye 2019

Wéi schonn säit villen Joren, huet och dëst Joer de Roundabout Aids Rallye am LMRL fir all 5e Schüler stattfonnt.

De Rallye gouf dëst Joer vun acht 3e Schüler (Azevedo Daniel 3CB1, Bogomolov Maksim 3CB1, Duarte David 3CC1, Langers Julie 3CC1, Lietz Yannick 3CC1, Muller Anne 3CLB1, Veselcic Adrijana 3CD2, Stefanetti Noémie 3CC1) animéiert. Fir dëst kennen ze maachen, hunn dës Schüler un enger Formatioun vun 2 Deeg vun der HIV-Berodung deelgeholl.

De Rallye war erëm e vollen Succès, an et ass ëmmer erëm interessant ze gesinn, wéi sou jonk engagéiert Schüler et fäerdegbréngen hiren méi jonken Matschüler wäertvoll Informatioun mat op hiren Liewenswee ze ginn.

En grousse Bravo un déi ausgebilten Roundabout Aids Rallye Animatricen an Animateuren.

Heibäi e puer flott Fotoen ….

 

Francine Kohner

Assistante d’hygiène sociale

SePAS – LMRL

Back to Top