Roundabout Aids Rallye 2018

Wéi schonn säit villen Joren, huet och dëst Joer de Roundabout Aids Rallye am LMRL fir all 5e Schüler stattfonnt.

De Rallye gouf dëst Joer vun néng 4e Schüler ( Azevedo Daniel 4C4, Bogomolov Maksim 4C4, Duarte David 4C1, Krieps Dupong Lisa 4C1, Krier Anthéa 4C6, Langers Julie 4C7, Lietz Yannick 4C4, Muller Anne 4CL7, Veselcic Adrijana 4C7) animéiert. Fir dëst kennen ze maachen, hunn dës Schüler un enger Formatioun vun 2 Deeg vun der HIV-Berodung deelgeholl.

De Rallye war erëm e vollen Succès, an et ass ëmmer erëm interessant ze gesinn, wéi sou jonk engagéiert Schüler et fäerdegbréngen hiren méi jonken Matschüler wäertvoll Informatioun mat op hiren Liewenswee ze ginn.

En grousse Bravo un déi ausgebilten Roundabout Aids Rallye Animatricen an Animateuren.

Heibäi e puer flott Fotoen ….

Francine Kohner

Assistante d’hygiène sociale

SePAS – LMRL

Back to Top