Rallye pédestre vun der OBENE 2e

Samsdes 9. Juni ab 14h00 op der Kockelschéier.

 

Dëst Joer gëtt Samsdes Mëttes den 9. Juni fir zweeten Kéier e Rallye pédestre vun der Optioun Bénévolat 2e a Zesummenarbecht mat der Chaîne de l’espoir Lëtzebuerg a Natur an Emwëlt organiséiert. De Rallye ass fir Kleng a Grouss geduet d.h. souwuel Famillen mat klengen Kanner wéi och Jugendlecher kennen matman. Lass geet de Rallye de  Samsden 9. Juni ab 14hr op der Kockelschéier bäim Haus vun der Natur an e féiert op engem Parcours vun 5km duerch de Besch, wou et op ennerschiddleche Stänn Aufgaben ze léisen a Froen mat Bezuch zu der Chaîne de l’espoir ze beäntweren gett. D’Stänn mat den ennerschiddleche Spiller ginn dobäi vu Schülerinnen aus der Optioun Bénévolat 2e encadréiert. Zum Schluss vum Rallye erwaarde Participanten e Barbeque bäim Haus vun der Natur an et gi Präisser u Gewënnerequippen verdeelt. Den Erléis geet intégral un Chaîne de l’espoir Lëtzebuerg, déi sech dofir asetzt, Kanner am Ausland (meeschtens Drëttweltlänner) medizinesch ze versuergen bzw. zu Lëtzebuerg operéiren ze loossen, falls déi néideg Infrastrukturen sur place feelen. Umëllen fir de Rallye kann ee sech fir Gruppen vun 4-6 Léit iwwert d’Mailadresse chainedelespoir.lu@gmail.com, woubäi en Erwuessenen 10€ a Kanner ënner 12 Joer 7 € fir Participatioun bezuelen.
Et sinn nach eng Partie Plazen fräi. Avis aux amateurs!
Wéider Informatiounen zum Rallye an der Chaîne fannt der och um Site www.chaine-espoir-luxembourg.org.

Sandra Galli fir Optioun Bénévolat 2e

Back to Top