Präisiwwerreechung Walfer Vollekslaf „Challenge Marc Savic”

No de gudde Resultater vun eise Schüler um Walfer Vollekslaf “Challenge Marc Savic”, si mir op der Walfer Gemeng fir d’Präisiwwerreechung empfaange ginn. De Jérome Barthels an de Sven Gauthier si vun der Schülerin Helena Droste begleet ginn. D‘Helena huet stellvertriedend fir all d’Schüler déi deelgeholl hunn, d’Präisser an Empfang geholl. Mir hunn souwuel bei de Jonge wéi och bei de Meedercher déi gutt 3. Platz beluet (jeeweils 100 Euro) a mat 171 Schüler si bei wäitem déi meeschte Leefer aus dem Lmrl komm (500euro Präisgeld). Insgesamt waren dat 700 Euro fir eis Schoul, déi natierlech fir eis Schüler an de Sport vum LMRL investéiert ginn.

 

E grousse Merci nach emol un déi 171 Schüler déi um Laf deelgeholl hunn

 

Back to Top