Belle Etoile Shopping Center
Dëse Weekend (28. Februar an 1. Mäerz) hunn 110 Mini-Entreprisen hir Produkter an de Galerië vun der Belle Étoile zum Verkaf ugebueden.
Och eis 6 Mini-Entreprisen aus dem LRML waren do vertrueden an hu geléiert hir Verkafsargumenter a Verkafstechniken an der Praxis unzewenne fir d’Cliente unzezéien an hinne Loscht ze maachen, hir Produkter a Servicer ze kafen. De Feedback dee si krute war zimmlech gutt!
All deenen, déi do ware, Merci fir hier Ënnerstëtzung! Falls dir net konnt laanschtkomme, kenn dir awer gären eng Commande bei hinnen opginn oder se einfach op de soziale Medie followen.
Folgend Entreprisen aus dem LMRL waren um Start :
Fabees : https://www.instagram.com/fabees.lu/
LëtzRetyre : https://www.instagram.com/letzretyre/
Lët’z Vroom : https://www.instagram.com/letzvroomlu/
Pocketbin : https://www.instagram.com/pocketbin.lu/
Secret Scent : https://www.instagram.com/secret_scent.lu/
Volunteens : https://www.instagram.com/volunteens.lu/