Vum 2. bis den 8. Februar sinn eis LMRL Schüler aus dem Megaclub op Namur an der Belsch gereest, fir un NaMUN 2025 deelzehuelen. Den Alexis Neu Arend huet als Delegéierte vum Iran an der Generalversammlung en Outstanding Speaker Award gewonnen, an d’Clara Seohyeon Choi, dat als Delegéiert an der UNODC-Kommissioun China vertrueden huet, gouf och mat engem Outstanding Speaker Award ausgezeechent. Klickt op de Link hei drënner, fir e kuerze Video iwwer eis Rees op Namur ze kucken.