Matinée en entreprise 2026

Den 23. Mäerz 2026 huet déi 5. Editioun vun der “Matinée en entreprise” stattfonnt. Eng ronn 240 Schüler vu 4e haten d’ Méiglechkeet, eng vun insgesamt 12 Entreprisen ze besichen. Dëst Joer konnte si hannert d’ Kulissen vu prestigiéisen Ariichtungen wéi der Cité judiciaire, RTL, der Spuerkeess, der Bourse de Luxembourg, den Hôpitaux Robert Schuman, LuxAirport an enger Rei weideren Entreprisen kucken.

D’ Mataarbechter hunn eis Schüler mat oppenen Äerm empfaangen a si stoungen hinnen Ried an Äntwert zu Froen iwwer d’ Entreprise selwer, d’ Beruffsbiller déi do vertrueden sinn, fir en éischten Abléck an d’ Aarbechtswelt ze kréien a sech en éischt professionellt Netzwierk opzebauen.

Mir soe sämtlechen Entreprisen e grousse Merci fir hir Zäit, hir Inspiratioun an déi wäertvoll Erfarung, déi si de Schüler erméiglecht hunn. Mir freeën eis schonn op déi nächst Editioun!

BIL

RTL

article-2

Schroeder & Associés

Bourse de Luxembourg

lux-Airport

Dupont de Nemours

Cité judiciaire

Hôpital Robert Schuman

Back to Top