

D’LMRL-Awards 2026 hunn de 19. Juni an enger feierlecher Zeremonie stattfonnt.
Ausgezeechent goufen 122 Schüler a Schülerinnen als élèves méritants ausgezeechent, well se an deenen zwee éischten Trimester eng Moyenne vun 54 oder méi haten.
Wärend den LMRL-Awards goufen awer och 117 Awards fir besonnesch Verdéngschter an de Beräicher Sport, Musek, Literatur & Sprooch, Wëssenschaft, Engagement a Konscht verginn. Des Awards valoriséieren parascolaire Leeschtungen, déi Schüler a Schülerinnen am Laf vum Schouljoer am Kader vum LMRL vollbruecht hunn.
Den Owend gouf vun verschiddenen musikaleschen an zeenesch Acts encadréiert, déi déi ganz Zeremonie zu engem flotten Owend gemaach hunn: Jazzy Boys, Oper Hänsel & Gretel, Solo um Piano, Foxes & Notes, 4e Optioun Theater an traditionelle Danz.
Mir soen och eise Sponsoren, Stage Music an dem Fachmaart Robert Steinhäuser e grousse Merci!