LASEL Streetball

LASEL Streetball
23. November 2017

D’Fuusse ware mat 2 Equippen um LASEL Streetball vertrueden. Beit Equippen hunn sech an hiren éischte Poulen duerchgesat a sinn an d’Poulen, déi em den Titel gespillt hunn, agezunn (LMRL1 huet 2 Matcher gewonnen an 1 verluer; LMRL2 huet 3 Matcher gewonnen). An och do hunn déi 2 Equippen sech duerch en super Asaz a guddem Basket fir d’Véierelsfinalle qualifizéiert (LMRL1 3 Matcher gewonnen; LMRL2 2 Matcher gewonnen an 1 verluer)
D’Equipe vum ALR huet eisen 2 Equippen awer en Stréch duerch d’Rechnung gemaach fir an d’Final ze kommen. An der Véierelsfinall konnt den LMRL1 sech net géint den ARL duerchsetzen. Kuerz drop huet och den LMRL2, déi bis an d’Halleffinall komm sinn, géint den ARL de Kierzere gezunn. Am Spill em déi 3. Plaz hunn si géint den LAML verluer a sinn op enger gudder 4. Plaz gelant.
Bei 32 Equippen déi matgespillt hunn, hunn eis zwou Equippen eng ganz gutt Leeschtung bruecht an eise Lycée würdeg vertrueden. Si hunn alles ginn an d’nächste Joer geet et bis an d’Final!

Back to Top