LASEL: Championnat de Basketball Juniors ISF 2016/17.

Den 27. Oktober huet eis Meederchers Basketball Equipe (99-2002 gebuer) am Lycée vum Athénée Qualifikatioun vum ISF Tournoi gespillt. Den éischten Match hunn mir ouni grousser Problemer géint den Lycée vun Reiden gewonnen. Am 2. Match ass et géint den Lycée de Garçon aus der Stad sou just duer gaangen an hunn zum Schluss nëmmen op 2 Punkten gewonnen. Am 3. Match géint den Lycée Aline Mayrisch hunn eis Meedercher nach eng kéier Gas ginn an och deen Match zimlech kloer gewonnen. Mat 3 Victoiren aus 3 Matcher hunn mir eis fir d’Halleffinall qualifizéiert wou mer dann den 17. November géint den Lycée Nic-Biever wäerten untrieden.

championnat-de-basketball-juniors-isf-custom

Team:
Noémie Schammo, Lynn Schintgen, Laura Bernardy, Estelle Muller
Claire Welter, Lis Siebenaler, Lejila Muratovic & Camille Kohl.

Back to Top