Label Vergab 23.10.2025

De Lycée Michel Rodange huet den “SES” Label iwwerreecht kritt

Op der festlecher Zeremonie am Melusina an a Präsenz vum Educatiounsminister Claude Meisch, krut de Lycée Michel Rodange den 23. Oktober 2025 de Label N1 („Start-up“) als “Sustainable Entrepreneurial School” iwwerreecht.

D’Zil vun dem SES Projet ass et de Schoulen hir Projeten a Fortschrëtt am Beräich vum nohaltegen Entrepreneurship ze dokumentéieren a Partner Plaz ze bidden, fir mat hiren Aktivitéiten (Workshops, Mini-Stagen, Virträg, Concoursen, Visitten an Challengen), déi Sustainable Entrepreneurial Competence bei Schülerinnen a Schüler ze fërderen.

Duerch d’Vilfalt un Aktivitéiten an de Beräicher vum Entrepreneurship, der ekonomescher Nohaltegkeet, der finanzieller a wirtschaftlecher Allgemengbildung, der berufflecher a schoulescher Orientéierung, gewannen déi Jonk vun haut déi néideg Kompetenze fir sech an der Welt vu muer zurecht ze fannen.

Déi ganz Schoulgemeinschaft vum LMRL ass en Deel vun dësem Projet an all zesumme setze mir eis fir eng nohalteg Zukunft op allen Niveauen an.

Méi Informatioune fannt dir ënnert www.entrepreneurship.lu.

Responsabel : Jody Kalmes

23/10/2025 (credits: ©MEN Stéphane Botzem)

Back to Top