Konschtprojet vun der 7C06

Mir sinn den 12. Dezember 2025 mat eiser Klass, der 7e artistique, an d’Ausstellung vum Lucien Wercollier an d’Abtei Neimënster gaangen. Mat eis dobäi waren d’Madame Hoffmann, eis Régente, an de Monsieur Notarnicola, eise Mathésproff.

Am Ufank krute mir e Blat an e Bläistëft. Dorop sollte mir eis wichteg Informatiounen opschreiwen an dono e puer Skulpture vum Lucien Wercollier ofskizzéieren. Duerno hu mir eng guidéiert Visitt duerch d’Ausstellung kritt. Si war ganz interessant, a mir hu vill nei Informatioune geléiert.

Zum Beispill si mir gewuer ginn, datt dem Lucien Wercollier seng Konscht am Ufank vu senger Carrière nach net esou war wéi um Schluss. Mat der Zäit ass si ëmmer méi „traureg“ ginn an huet méi déif Hannergrënn kritt. Seng Skulpture sinn och méi ronn a méi glat ginn. Hien huet mat bal allen Zorte vu Material geschafft, ënner anerem mat Bronze a Marmer.

No der Visitt konnte mir Fotoe vun de Skulpture maachen an se och nach ofskizzéieren. Am meeschte markéiert huet eis de „Prisonnier politique“. Dat ass ee vu senge bekanntste Wierker. Et soll un de Krich an un déi schlëmm Gefaangenschaft erënneren. D’Statu stellt eng Persoun duer, déi ganz bedréckt wierkt an net méi richteg oprecht stoe kann. Si huet d’Hänn hannen um Réck zesummegebonnen.

Et war bis elo ee vun de flottsten an interessantsten Ausflich. No der Visitt am Musée konnte mir nach op de Chrëschtmaart goen eppes iessen.

Am Atelier wärend de Fuussendeeg, wou d’Madame Hoffmann an d’Madame Pedrosa eis encadréiert hunn, konnte mir d’Skizze vum 12. Dezember benotzen an eis dovun inspiréiere loossen, fir eng eege Skulptur am Leem ze erschafen. Déi goufen no engem éischte  Brand och mat enger Glasur bemoolt déi u Metall oder Steen an esou um Lucien Wercollier seng Aarbechten erënnere soll.

Eis fäerdeg Wierker kënnt dir iech ukucke goen um 3. Stack vum Zentralfligel, wou mir se zesumme mat enger klenger Präsentatioun ausgestallt hunn.

Lily Gonnering & Camille Heukmes, 7C06

Back to Top