Stand: D’Informatiounen op dëser Säit zum Asaz vum iPad op de verschiddene Klasse bezéien sech op d’Schouljoer 2025/26. Fir 2026/27 ass den Ëmfang vum iPad‑Asaz nach net festgeluecht.
Wann e Schüler op 7e an den LMRL kënnt, kann hie wielen, ob hien op eng Klass mat iPad goe wëll oder net. Traditionell hu mir zwou bis dräi esou Septièmë pro Joer, an déi kënnen och kombinéiert gi mat aneren Interessien, wéi zum Beispill Sport.
Op 3e ass den iPad obligatoresch; all eis 3e-Schüler gi mat iPads ekipéiert, well mir d’Erfarung gemaach hunn, dass den iPad eng grouss pädagogesch Plus-value ka sinn. Duerch den Asaz vu digitale Moyene gëtt de Schüler responsabiliséiert, ka säi Wëssen op eege Fauscht nach verdéiwen a gëtt och op eng digital Zukunft an der Beruffswelt respektiv op der Uni besser virbereet.
Ab dem Schouljoer 2025/26 stelle mir op déi nei Modeller fir d’Benotzung vun iPads ëm: iClass, iShare a myDevice. Den ale one2one‑Locatiounsmodell gëtt progressiv ofgeléist. Fir eng sécher a fokusséiert Léierëmwelt ginn all iPads vum Lycée respektiv CGIE (Centre de gestion informatique de l’éducation) via Mobile Device Management (MDM) verwalt.
Modeller am Iwwerbléck
| Modell | Zielgrupp | Geräter & Asaz | Käschten/Proprietéit | Support |
|---|---|---|---|---|
| iClass | Division inférieure (7e–4e) | Individuell iPads a Klassen mat iPad-Profil; alldeeglech am Cours & doheem | Gratis gestallt vum Lycée | Lycée |
| iShare | Division inférieure (7e–4e) | Gemeinsam iPads a Klassen ouni iPad-Profil; gezielten, punktuellen Asaz | Gratis gestallt vum Lycée | Lycée |
| myDevice | Division supérieure (3e–1re) | Individuell iPads (standardiséierten Typ); alldeeglech am Cours & doheem | Proprietaire: Schüler (via gesetzleche Vetrieder); Präis: 150 € (subventionéiert) | Fournisseur (Garantie 4 Joer) |
| one2one | 2025/26 (2e- 1re); 2026/27 (1re) | Individuell iPads (standardiséierten Typ); alldeeglech am Cours & doheem | Locatioun fir 50€ / Joer | CGIE |
Modeller an der Division inférieure (7e, 6e, 5e, 4e)
- iClass : individuell iPads fir am Cours an doheem (alldeeglechen Asaz)
Fir Klassen mat iPad-Profil (7e-4e).
- Alldeeglechen Asaz: All Schüler huet wärend dem Cours an doheem en iPad zur Verfügung; d’Integratioun am Unterrecht ass méi intensiv.
- Gestioun: Den iPad ass vum Lycée/CGIE verwalt (MDM). Apps kommen iwwert de Lycée/CGIE. Den App Store an e puer Astellunge si gespaart.
- Spärzäit: Den iPad ass vun 23:00-06:00 blockéiert.
- Käschten & Support: De Lycée stellt den iPad gratis zur Verfügung an assuréiert den technesche Support.
- iShare – Gedeelt iPads fir am Cours (gezielten Asaz)
Fir Klassen ouni iPad-Profil (7e-4e).
- Punktuelle Gebrauch: D’Schüler notzen gemeinsam iPads fir konkret Aufgaben am Cours.
- Gestioun: Den iPad ass vum Lycée/CGIE verwalt (MDM). Apps kommen iwwert de Lycée/CGIE. Den App Store an e puer Astellunge si gespaart.
- Käschten & Support: De Lycée stellt den iPad gratis zur Verfügung an assuréiert den technesche Support.
Modeller an der Division supérieure (3e, 2e, 1re)
- myDevice – Eegent Gerät vum Schüler (subventionéiert)
Beim Untrëtt an d’Divisioun supérieure (3e) kritt all Schüler – eemoleg – en iPad am Kader vum myDevice-Programm attribuéiert. Den Typ vum iPad ass standardiséiert.
- Pädagogesch Integratioun: Den iPad ass voll am Schoulalldag integréiert. D’Autonomie vum Schüler gëtt gestäerkt.
- Gestioun: Den iPad ass vum Lycée/CGIE verwalt (MDM). Pädagogesch Apps kommen iwwert de Lycée/CGIE. Aner Apps, esou wéi den App Store an e puer Astellunge si nëmmen wären der Schoulzäit gespaart.
- Proprietéit & Bezuelung: De Schüler ass Proprietaire vum sengem iPad (iwwert säi gesetzleche Vetrieder). D’Bezuelung geet iwwert Eduguichet. D’Commande an d’Verdeelung lafen iwwert de Lycée. De Präis ass 150 € (vum Ministère subventionéiert).
- Garantie & Support: D’Material huet eng Garantie vu 4 Joer; eng Versécherung ass recommandéiert. Fir den technesche Support went ee sech un de Fournisseur; bei Software- a Konfiguratiouns-Problemer am Schoulalldag hëlleft de Lycée.
- one2one – Transitioun
De one2one Locatiouns‑Modell bleift 2025/26 nach fir 2e a 1re-Klasse bestoen, a 2026/27 nach just fir 1re-Klassen. Et gëllen déi selwecht Restriktiounen wéi beim myDevice-Modell. Méi Detailer zum one2one-Programm fannt Dir op der offizieller Säit vum CGIE.
Digital Charta vum LMRL
Am LMRL gëtt et eng Charta fir den Asaz vum iPad an och aneren technesche Geräter. D’Schüler ënnerschreiwen dës bei der Rentrée a si verflicht, d’Reegelen anzehalen. Dokument: Link zur Charta
LMRL-Digital-ChartaWéi eng Apps kommen zum Asaz?
Am Allgemenge probéiere mir, mat gratis Apps oder mat Apps, déi op déi de Schüler souwisou schonn Accès huet, ze schaffen. Dëst bedeit, dass den Office 365 ganz staark zum Asaz kënnt. Mir setze ganz vill op de Microsoft OneNote, esouwuel fir d’Heft ze digitaliséieren wéi och fir de Contenu vum Cours auszedeelen. De Microsoft Teams gëtt op quasi all de Klassen agesat, fir tëscht Schüler an och tëscht Enseignanten an Schüler ze kommunizéieren, wärend Microsoft OneDrive et erlaabt, fir einfach Dokumenter ofzespäicheren an auszetauschen. Op der Konschtsektioun kommen nach eng Rei weider Apps zum Asaz, wéi zum Beispill de Procreate. Am Klassesall selwer kann den Enseignant och mat Apple Classroom oder JamfSchool d’iPads vun de Schüler kontrolléieren oder blockéieren.