
Als Projetsklass 6C04 ware mir de 4. Februar op Besuch an der Seniorie Ste Zithe zu Contern, engem moderne Pflegeheem fir eeler Leit. Nodeems mir mam Pflegepersonal iwwert den Alldag am Altersheem geschwaat hunn, hu mir zesumme mat de Bewunner Gesellschaftsspiller gespillt an eis mat hinnen ennerhaalen. Et war e lëschtegen Nomëtten an enger häerzlecher Atmosphär! D’Bewunner hunn eis ganz interessant Rotschléi fir eist Liewe mat op de Wee ginn: Mir sollen z. B. ëmmer fläisseg sinn, gutt léieren an ni e Fussballspiller daten.
E grousse Merci un d’Personal an un d’Bewunner aus der Seniorie Ste Zithe fir déi interessant Erfarung an dee flotten Nomëtten!
6CO4
An eisem Podcast kënnt dir iech d’Interviewen unhéieren, déi déi eenzel Gruppe souwuel mam Personal wéi mat de Bewunner gemaach hunn.
Villmols Merci fir d’Nolauschteren!
