Easter Book Hunt 2026

Och dëst Schouljoer huet den Ouschterhues erëm am Kader vum Projetsbüro op seng Sich no engem Buch invitéiert. Den 23. Mäerz konnt een sech an der Bibliothéik op Sich no klengen Ouschterhuese maachen. Wann een ee fonnt huet, da konnt een deen bei eiser Bibliothecairin géint e Buch aléisen.

Schonn kuerz no 7:00 moies stoungen déi éischt Jugendlecher bei der Dier vun der Bibliothéik ze waarden, fir zwëschent de Regaler a Bicher no esou engem klengen Hieschen sichen ze kennen.

Den Ouschterhues freet sech op alle Fall op déi nächst Editioun Easter Book Hunt!

Back to Top