Den 29. Oktober 2025 huet de Lycée Michel-Rodange offiziell d’Rucksakbibliothéik vum Atert-Lycée Réiden am Escher Theater iwwerreecht kritt.
Mee wat genee ass d’Rucksakbibliothéik? Wéi den Numm et scho vermudde léisst, handelt et sech ëm eng mobil Bibliothéik, déi – an engem Koffer verpaakt – vun enger Schoul un déi aner weidergereecht gëtt.
De Projet gouf 2017 vum Comité pour la Mémoire de la Deuxième Guerre mondiale an d’Liewe geruff. Säin Zil ass et, d’Erënnerung un d’Geschicht vum Zweete Weltkrich an d’Schoulen ze bréngen an de jonke Leit e Bewosstsinn fir dëst historescht Kapitel ze vermëttelen.
Eng Schoul, déi d’Rucksakbibliothéik entgéinthëlt, verpflicht sech domat och, Mémoiresaarbecht mat hire Schüler:innen ze maachen an sech intensiv mat de Theemen Erënnerung, Fridden a Mënscherechter auserneenzesetzen.
D’Enseignanten aus dem Lycée Michel-Rodange hunn sech dofir fir d’Schouljoer 2025–2026 virgeholl, dass all Klass vu 7e bis 2e e Projet am Kader vun dësem Thema entwéckele wäert.