Charityrun fir den Télévie

De 27. an 28. Mäerz 2025 hunn déi traditionell Fuussendeeg ënner dem Motto « 17 goals » stattfonnt. D’Schüler*inne vu 7e bis 2e hunn u verschiddenen Aktivitéiten an oder ausserhalb vum Lycée deelgeholl an hu sech dobäi mat den 17 Nohaltegkeetszieler vun der UN auseneegesat. 

Hei si just e puer vun de flotten Aktivitéiten déi stattfonnt hunn:

Charityrun fir den Télévie, Atelier zu de Mënscherechter zu Cinqfontaines, Visitt vun den « Hôpitaux Robert Schuman“, Atelier mat der « Stemm vun der Strooss“ asw. 

Ausserdeem hu vill verschidden extern Partner flott Workshops an der Schoul organiséiert. Och hei ginn der just e puer genannt: MEGA, SDK, Move eco, Fairtrade, Zentrum fir politesch Bildung, der ONGD Guiden a Scouten fir eng Welt, Beesecure, ZEV, Unity Foundation.  E grousse Merci u jiddereen, deen dozou bäigedroen huet, dass d’Projetsdeeg e vollen Erfolleg

Back to Top