Am Juni 2026 huet d’Optioun BeCreactive 4e e Charity Run fir d’Schüler.innen vu 7e organiséiert. Duerch dës flott Solidaritéitsaktioun konnten insgesamt 5.161 € gesammelt ginn.
Den 23. September 2026 gouf de Scheck vun den Optiouns-Schülerinnen zesummen mat der Direktioun an hieren Enseignanten Laurence Baum an Elodie Decker un d’Fondatioun Kannerschlass iwwerreecht.
E grousse Merci un all d’Schüler.innen, d’Organisateuren an all déi, déi dës Aktioun ënnerstëtzt hunn an domat zu dësem schéine Resultat bäigedroen hunn!