E grousse Merci!
Mir soen all de Schülerinnen a Schüler, de Sponsoren a jidderengem, deen eis bei der Organisatioun an der Duerchféierung vun eisem Charity Run ënnerstëtzt a gehollef huet. Ouni si wier dëse flotte Projet net méiglech gewiescht!
Zéng Schülerinnen aus der Optioun Be CreActive – Make a change, hunn dësen Charity Run organiséiert, deen den 3. Juni 2026 stattfonnt huet. Déi zéng 7e-Klassen hu mat vill Motivatioun deelgeholl.
D’Aufgab war et, an 30 Minutten esou vill Ronne wéi méiglech ze lafen. Eng Ronn war 500 Meter laang, a fir all gelafe Ronn goufen 2 Euro gespent.
Dank dem groussen Asaz vun alle Participanten ass eng impressionant Zomm vu 4.644 Euro zesummekomm. Dës Spend geet un d’Fondation Kannerschlass, fir hir wäertvoll Aarbecht ze ënnerstëtzen.
Mir si ganz houfreg iwwer dëst Resultat a freeën eis, datt mir mat eiser Aktioun e Bäitrag fir e gudden Zweck leeschte konnten.