Mir sinn dräi Schülerinnen aus der Projetsklass 6C04 a mir sollten eng « Challenge fir de gudden Zweck“ erfëllen. Mir hunn decidéiert, fir dës Challenge eng Sammelaktioun fir Leit an Nout ze maachen, an hunn duerno d’Croix-Rouge kontaktéiert fir ze froen, ob et méiglech wier, hinnen d’gesammelt Saachen ze ginn. Nodeems mir e Flyer virbereet hunn, fir d’Schüler*innen an d’Enseignanten iwwer dës Sammelaktioun z’informéieren, hu mir zwou Woche gewaart an hunn d’Sammelaktioun endlech de 27. Juni ofgeschloss. Elo schécke mir dës gesammelt Saachen un d’Croix-Rouge an d’ Stad an hoffen, datt et de Leit gehollef huet. E grousse Merci jidderengem, deen eis bei der Sammelaktioun ennerstëtzt huet. Evy, Clarisse a Lucie aus der 6C04
