Atelier iwwert de Surendettement am LMRL a Visite vun der Banque Raiffeisen zu Leideleng

Abrëll a Mee 2026

Den 28. Abrëll ass eng Madame vun der Asbl Inter-Action, dem Service fir Informatioun a Berodung am Beräich vum Surendettement, an d’Klassen 2CG1 an 2CD2 komm, fir d’Schüler*innen iwwert de Surendettement an d’Gestioun vun engem Budget ze sensibiliséieren.

D’Schüler*innen hunn duerno eng praktesch Aktivitéit gemaach, bei där si de Budget vu verschiddenen Zorte vu Stéit hu misse geréieren. Doduerch konnten si sech bewosst ginn, wéi eng Ausgaben ufalen a wéi eng Choix‘en getraff musse ginn.

Den 11. Mee hunn d’Schüler*innen vun der 2CD2 de Siège vun der Raiffeisenbank zu Leideleng besicht. Dobäi krute si ënner anerem interessant Informatiounen iwwert de Bankesecteur zu Lëtzebuerg: Wat ass de Rôle vun enger Bank? Wien iwwerwaacht d’Aarbecht vun enger Bank?, A wéi eng verschidden Typen vu Banken gëtt et zu Lëtzebuerg? A wat sinn d’Gefore vu Finanzoperatiounen am Internet?

Duerch dës Manifestatioune konnten d‘Schüler*innen déi am Unterrecht behandelt Themen aus enger praktescher Perspektiv besser verstoen.

E grousse Merci geet un d’Madame vun der Asbl Inter-Action an un d‘Madame vun der Raiffeisen School fir déi interessant an informativ Presentatiounen.

Back to Top