Zamun 2016

LMRL- Schüler nehmen erfolgreich an MUN-Konferenz in der Slowakei teil

Zamun2016_2

Vom 20. – 25. April 2016 reisten sechs Schüler und zwei Lehrer zur ZAMUN-Konferenz (MUN steht für Model United Nations) in Zilina / Slowakei. Eingeladen wurden wir von unserer dortigen Partnerschule Gymnasium bilingvalne Zilina, die die Veranstaltungen seit vier Jahren jährlich organisiert. Bereits 2014 und 2015 hat das LMRL Delegation zu den ZAMUN-Veranstaltungen geschickt. Im Mittelpunkt standen auch diesmal die Ausarbeitung von Resolutionen in verschiedenen internationalen Gremien sowie politische Debatten in der Generalversammlung. Konferenzsprache war Englisch. Unsere Schüler wohnten in slowakischen Gastfamilien, in denen sie Gelegenheit hatten, die slowakischew Kultur authentisch kennnenzulernen. Hier ein Erfahrungsbericht von Tom Brinckmann:

Als 2. Groussen Projet am Kader vun dem Yel-Club ass et des Kéier an d´Slowakei gaang, wou 5 Schüler vum Michel Rodange un der Zamun Konferenz deelgeholl hunn, enger offizieller Simulatioun vun enger Konferenz vun den United Nations. 5 Deeg sollt dësen Tripp goen. Als alleréischt sinn mer mam Flieger op Wien geflunn an dunn mam Minibus weider op Zilina an der Slowakei, wou d´Konferenz stattfonnt huet. Do goufen mir dann allen 5 vun eisen Hosts ofgeholl, bei deenen mir geschlof hunn. Eis zwee Proffen, d´Mme Droste an
d´Mme Galli, hunn an engem Hotel iwwernuecht.

Wéi mer eis bis an eisen Host Families installéiert hunn, hunn si eis direkt mol d´Schéinheet vun hirem Land, hirer Natur gewisen. No enger erhuelsamer Nuecht ass et dann endlech lassgaang mat der Zamun-Konferenz, bei der jiddereen an séin eegenen Comitée gaang ass. An den eenzelnen Comitéen gouf iwwer folgend politesch Themen debattéiert: d´Flüchtlingskris, den Terrorismus an Afrika, white collar crimes an den Chômage vu jonken Leit. Dobäi hunn 3 vun eis d´Meenung vum Iran vertrueden an di zwee aner d´Meenung vun Norwegen. An der General Assembly, wou all Mënsch vertrueden war, hunn mir dann iwwer erneierbar Energien geschwat. D´Konferenz war geprägt vun strikten Regelen an engem zimlech distinguéierten Vocabulaire, di an all Debat vun engem sougenannten Chair iwwerwaacht goufen. Ziel war et, an all Comitée Léisungen fir di jeeweileg Problemer ze fannen, deenen méiglechst vill Länner zougestëmmt hunn. Dobäi ass et heiansdo opgrond vun Meenungsverschiddenheeten héich hiergaang, mee et goufen awer keng gréisser Tëschefäll. No 3 Deeg vun intensiven Diskussiounen an villen Léisungsméiglechkeeten war dann nëmmen nach een Dag vun eisem Zilina-Trip rëscht. Deen hunn mir genotzt, fir mat aneren Länner iwwert den Yel-club ze schwätzen, deen et an 6 verschiddenen Länner gëtt. Mier hunn eis Siichtweis an di schonn gemaachen Projeten virgestallt an kruten dunn di vun deenen aneren Länner virgestallt. Zum Schluss hunn mir dann versicht, nach Verbesserungen ze fannen an haten dann nach eng allerlescht Debatt.

Während deenen 4 Deeg hunn mir awer net nëmmen diskutéiert, mee och vill iwwert d´Land, d´Kultur an d´Leit kennegeléiert. Di war zum Deel faszinéierend mee och heiansdo erschreckend, vue que dass eng zimlech héich Aarmut herrscht. Alles an allem war et awer en immens flotten, léierräichen an opreegenden Tripp, un den mir eis wahrscheinlech nach laang wäerten erënneren kennen.

Zamun2016_1

Back to Top