Roundabout Aids Rallye 2016

Wéi villäicht puer Schüler matkritt hunn, war och dëst Joer rëm de “Roundabout Aids Rallye” fir eis 5e Klassen. Initiéiert vum SPOS an encadréiert vun motivéierten 4e Schüler, huet dësen sech den 11 + 12. Abrëll ofgespillt.

Fir den Rallye animéieren ze kënnen, hunn sech d’Dana Bredimus, d’Maya Tastet, d’Anouk Guirsch, d’Alisa Jasarovic, d’Melli Wildanger, d’Manuela Girs, d’Francesca Fazzini, d’Cristina Sobral, d’Céline Frick, den Jeff Jans an den Dennis Rassel an Clausen an der Jugendherberg versammelt, fir zesummen mam Iechternacher Lycée en flotten organiséierten WE ze verbréngen.

Begleed hunn eis bei dëser Formatioun 2 immens fäin Responsabler aus der HIV-Berodung, déi di ganz Saach mat engem flotten Mélange aus Seriositéit an Spaass verbonnen hunn an eis gutt op de Rallye virbereed hunn.
Ech mengen, ech kann roueg behaapten, dass et fir jiddereen eng immens schéin Erfahrung war, déi eis vill mat op eisem Studienwée ginn huet. Net nëmmen léiert een alles Wichteges iwwer HIV, mee och, wéi ginn ech mäin Wëssen weider? An wéi ënnerhalen ech mäin Publikum?

Et handelt sech heibäi ëm en Projet, den ech jidderengem un d’Häerz leen kann, fir deen sech d’Chance bitt, dobäi ze sinn, dir wärt et sécherlech net bereien!

Céline Frick; 4M3

Back to Top